|
|
 |
 |
 |
 |
Kiircherod Bur
|
Een schéinen Bonjour...
|
Mir fréeen äis, dat dir den Wée op äis Home Page fond huet. Häerzlech wëllkomm op eisen Internet Säiten. Hei wëllen mir Iech dat chrëschtlech Liewen aus eiser Poar, an aus eisem Poarverband Ënnersauer, méi no bréngen an Iech mat Informatiounen verwinnen.
Och wëllen mer Iech Äis Administratioun vun äiser Poar erklären. Fir all aaner Fro, wou Dir keng Änwert hei op dëser Home Page fand, zéeckt nët fir äisen Här Paschtouer, Den Här Paschtouer Luc Schreiner an sengem Parbüro zou Rouspert ze kontaktéiren.
Déi détailléiert Informatiounen fand der, wan der einfach op déi betreffend Zeil am Menu hei niewendrun klickt, oder éent vun déenen giël geschriwenen Wieder aus dem Text uklickt.
Mir wënschen Iech vill Spass beim surfen.
Mat chrëschtlechen Gréiss, ären Kiircherod vu Bur
|
|
|
Eng weider Home Page ...
|
Eng weider Home Page ass déi vum Parverband vun der Ënnersauer. Fir op déi Home-Page ze kommen, brauch der nëmmen hei op dësen Link ze klikken: http://www.ennersauer.cathol.lu
|
Kiircherod vu Bur un der Sauer
|
Fabrique d’Eglise de Born, dat ass déi offiziell Bezéechnung vum Kiircherod vu Bur. D’Par Bur besteet aus den Uertschaften Méischdrëf, Givenich, Mompich, Hierber an Buerschdrëf. Äis Administratioun fan der an engem speziellen Menüpunkt.
Den Här Paschtouer Nico JANS, vu Rouspert, huet och d’Verwaltung vun der Par Bur iwerholl. Dir kënt den Här Paschtouer am Parbüro zou Rouspert kontaktéieren, fir alles wat mat eiser Par ze din huet. D'Par Bur gehéiert zum Parverband Ënnersauer: http://www.ennersauer.cathol.lu
D’Parkiirch fand der zu Bur an der Schlass-Strooss Nr 3. D'Parhaus selwer, dat direkt niewend der Kiirch stéet, ass seit dem 19. Februar 2004, an daat géint den Wëllen vun den Biirger, vun iser Gemeng Mompich verstéet gin. Wann Dir wësse wëllt, watt de Kiircherot alles ënnerholl huet, klickt w.e.g op d'Parhaus Schicksal !
D' Verwaltungsadressen oder d'Bank-an Postscheckverbindungen vum Kiircherod Bur fand der ënner dem Punkt Äis Administratioun .
|
|
|
Last Update 26/12/2011 Jean Kreins, webmaster mailto:bornfeb@pt.lu
|
Druckbare Version
|
|